Tarzan

From Wikipedia, the free encyclopedia

Tarzan
Remove ads

Den Tarzan ass eng vum Edgar Rice Burroughs erduechte Figur, déi fir d'éischt am Joer 1912 an der Geschicht Tarzan of the Apes opgetrueden ass. D'Geschicht war an der Oktobernummer vum All-Story Magazine ze liesen. A Buchform ass se 1914 erauskomm.

Thumb
Titelblat vun der Zeitschrëftenausgab vun 1912 an den USA a vun der kanadescher Bucheditioun vun 1914

Handlung

Den Tarzan ass de Jong vu britteschen Adelegen, säi richtegen Numm ass John Clayton III., Lord Greystoke. Hie geréit als Puppelche mat sengen Elteren an den afrikaneschen Dschungel, nodeems hiert Schëff ënnergaangen ass. Seng Eltere stierwe kuerz duerno, an hie gëtt vum Afeweibche Kala opgezillt. Wéi e grouss gëtt, klaut den Tarzan (wat an der Afe"sprooch" "wäiss Haut" heescht) vu schwaarzen Awunner Gëftfeiler a bréngt domat e Léiw ëm, aus deem sengem Pelz e sech säi Cache-sexe bitzt. Enges Daags begéint hien dem Jane, der Duechter vun engem Wëssenschaftler (déi a bal alle Filmer schwaarz Hoer huet, am Buch awer blond ass), a verléift sech an hatt. Wéi d'Jane, nodeems se eng Zäitchen zesumme verbruecht hunn, nees a Groussbritannien zeréckgeet, decidéiert den Tarzan, matzegoen. Si bestuede sech a kréien e Jong, den Jack. Am véierte Band vun der Buchserie (The Son of Tarzan) fiert den Jack heemlech an Afrika, wou en dat selwecht Liewe féiert, resp. féiere muss wéi virdru säi Papp. Och den Tarzan ka sech net un déi hypokritesch englesch Gesellschaft gewinnen a fiert mam Jane hannescht an Afrika, wou se nach ëmmer liewen...

Remove ads

Den Tarzan am Buch

  • Tarzan Of The Apes (1912)
  • The Return of Tarzan (1913)
  • The Beasts Of Tarzan (1914)
  • The Son of Tarzan (1914)
  • Tarzan And The Jewels Of Opar (1916)
  • Jungle Tales Of Tarzan (1919)
  • Tarzan The Untamed (1920)
  • Tarzan The Terrible (1921)
  • Tarzan and the Golden Lion (1923)
  • Tarzan and the Ant Men (1924)
  • The Tarzan Twins (1927)
  • Tarzan, Lord of the Jungle (1927)
  • Tarzan and the Lost Empire (1928)
  • Tarzan at the Earth's Core (1929)
  • Tarzan the Invincible (1930)
  • Tarzan Triumphant (1931)
  • Tarzan and the Leopard Men (1932)
  • Tarzan and the City of Gold (1932)
  • Tarzan the Magnificent (1936)
  • Tarzan and the Forbidden City (1938)
  • Tarzan and the Jungle Murders (1940)
  • Tarzan and the Champion (1940)
  • Tarzan and the Madman (1964)
  • Tarzan and the Foreign Legion (1947)
Remove ads

Den Tarzan am Kino

An der Internet Movie Database sinn iwwer 100 Filmer opgezielt, déi "Tarzan" am Titel hunn. Déi bekanntst dorënner sinn:

Filmer mam Johnny Weissmuller

Filmer mam Lex Barker

Filmer mam Gordon Scott

Filmer mat anere Schauspiller

  • 1933: Tarzan the Fearless, vum Edward Kull, mam Buster Crabbe
  • 1935: The New Adventures of Tarzan, vum Edward Kull, mam Bruce Bennett
  • 1938: Tarzan and the Green Goddess, vum Edward A. Kull a Wilbur McGaugh, mam Bruce Bennett
  • 1938: Tarzan's Revenge, vum David Ross Lederman, mam Glenn Morris
  • 1959: Tarzan, the Ape Man, vum Joseph M. Newman, mam Denny Miller
  • 1962: Tarzan Goes to India, vum John Guillermin, mam Jock Mahoney
  • 1963: Tarzan's Three Challenges, vum Robert Day, mam Jock Mahoney
  • 1966: Tarzan and the Valley of Gold, vum Robert Day, mam Mike Henry
  • 1967: Tarzan and the Great River, vum Robert Day, mam Mike Henry
  • 1970: Tarzan's Deadly Silence, vum Robert L. Friend, mam Ron Ely
  • 1981: Tarzan, the Ape Man, vum John Derek, mam Miles O'Keeffe
  • 1984: Greystoke: The Legend of Tarzan, Lord of the Apes, vum Hugh Hudson, mam Christopher Lambert
  • 1998: Tarzan and the Lost City, vum Carl Schenkel, mam Casper Van Dien
  • 2016: The Legend of Tarzan, vum David Yates, mam Alexander Skarsgård
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads