brittesche Naturfuerscher an Evolutiounsbiolog From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charles Robert Darwin, gebuer den 12. Februar 1809 zu Shrewsbury an England, a gestuerwen den 19. Abrëll 1882 zu Downe, war ee britteschen Naturfuerscher an Evolutiounsbiolog. Seng Theorie vun 1859 ass d'Basis vun der moderner Evolutiounstheorie a gëtt als Darwinismus bezeechent.
Charles Darwin | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Robert Darwin |
Gebuer | 12. Februar 1809 |
Gestuerwen | 19. Abrëll 1882 |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun |
Shrewsbury School, Universitéit vu Cambridge, Universitéit vun Edinburgh |
Aktivitéit | Geolog, Explorateur, Reesschrëftsteller, Etholog, Naturalist, Philosoph, Schrëftsteller, Botaniker |
Member vun | Royal Society, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale dei Lincei, Académie des sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino |
Famill | |
Bestuet mat | Emma Darwin |
Papp | Robert Darwin |
Geschwëster | Erasmus Alvey Darwin, Caroline Darwin |
Kanner | Anne Darwin, Francis Darwin, William Erasmus Darwin, Henrietta Darwin, George Darwin, Leonard Darwin, Horace Darwin, Charles Waring Darwin |
2009 gouf den 200. Gebuertsdag vum Charles Darwin (12. Februar 1809) an den 150. Anniversaire vu sengem Haaptwierk On the Origin of Species (24. November 1859) gefeiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Darwin-Gedenkjoer 2009.
Dem Darwin seng Evolutiounstheorie, déi hien 1859 a sengem haut berüümte Buch mam Titel On the Origin of Species publizéiert huet, kann een ënner fënnef Punkte resüméieren (E. Mayr, 1993).
D'Aarte sinn net fix, mä si verännere sech am Laf vun der Zäit. Bestänneg stierwen Aarten aus, aus aneren Aarten entstinn nei Aarten. All haiteg Aarte sinn d'Resultat vun der Evolutioun.
D'Liewen ass nëmmen eemol op der Äerd entstanen, ënner Form vu primitiven Organismen, vun deenen all aktuell Aarten ofstamen, de Mënsch abegraff (dee leschten Zousaz awer eréischt a sengem Buch vun 1871).
D'Evolutioun verleeft graduell, mat klenge Schrëtt, also net mat grousse Spréng.
D'Entwécklung vum Liewe verleeft wéi de Wuesstem vun engem Trausch, mat Äscht (si sti fir déi eenzel lignées évolutives) déi sech an all Richtungen entwéckelen. Dat am Géigesaz zu engem Liewensbam, dee sech vun ënnen erop bis an d'Spëtzt (Aart Mënsch) hin entwéckelt hätt.
All Generatioun produzéiert en Iwwerfloss vun Nokommen, déi sech ënnereneen duerch vill Kennzeechen ënnerscheeden (intraspezifesch Variabilitéit). Nëmmen déi Individuen déi gutt oder besser ugepasst sinn, z. B. un hire Liewensraum, iwwerliewen a reproduzéiere sech (survival of the fittest). D'natierlech Selektioun ass de Motor deen d'Evolutioun undreift.
Dës fënnef Iddie ginn haut als richteg ugesinn: si bilden d'Basis vun der moderner Evolutiounstheorie.
Allerdéngs diskutéieren d'Fuerscher weider nach dee prezise Stellewäert vun der natierlecher Selektioun. Ass si dee wichtegsten, entscheedende Motor vun der Evolutioun, wéi vill vun hinne mengen, oder gëtt et donieft nach aner, wann och manner wichteg Mechanismen, déi d'Evolutioun mat undreiwen?
1825 huet den Charles Darwin ugefaangen, Medezin ze studéieren. Hien huet säi Studium awer ofgebrach fir dunn am Joer 1827 zu Cambridge Theologie ze studéieren.
1831 huet hien um HMS Beagle, dat haaptsächlech Vermiessungsaarbechte gemaach huet, eng Weltrees ugetrueden, déi fënnef Joer sollt daueren. Op där Rees huet hien d'Geologie, Fossilien an d'Liewewiese vu friemen Inselen a Kontinenter intensiv studéiert. Den Openthalt op de Galapagos-Inselen hat e groussen Afloss op säin Denken an hien huet ugefaangen, un den Theorië vun där Zäit, datt all Aarten ëmmer déi selwecht bleiwen, ze zweiwelen.
No senger Rees huet hie seng Evolutiounstheorie formuléiert, déi op dräi Grondgedanke baséiert. 1859 huet hie seng Opfaassung a sengem Haaptwierk verëffentlecht.
Vun der anglikanescher Kierch an duerno vun der kathoulescher Kierch gouf hie staark kritiséiert, well seng Iddien net dem wuertwiertlechen Text iwwer d'Erschafe vun de Liewewiesen, a besonnesch och net dem Mënsch, an der Bibel entspriechen.
1864 gouf hie vun der brittescher Royal Society ausgezeechent.
Hie gouf zu London an der Westminster Abbey begruewen, wou eng Rei bedeitend Perséinlechkeete wéi den Isaac Newton, hiert Graf hunn.
Hie war de Papp vum Astronom a Mathematiker George Darwin, an de Grousspapp vum Bernard Darwin.
Commons: Charles Darwin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.