Franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia
Cholet ass eng franséisch Stad an Ënnerprefecture am Departement Maine-et-Loire, an de Pays de la Loire. Et ass och den Haaptuert vun dräi Kantonen, an de Sëtz vun der Chambre de commerce et d'industrie du Choletais.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Pays de la Loire | ||||
Departement | Maine-et-Loire | ||||
Arrondissement | Cholet | ||||
Kanton | Cholet-1 Cholet-2 Cholet-3 | ||||
Postcode | 49300 | ||||
Gemengecode | 49099 | ||||
Koordinaten | 47° 03’ 36’’ N 00° 52’ 42’’ W | ||||
Fläch | 8 747 ha | ||||
Bevëlkerung | 54 000 (2008) |
D'Awunner vu Cholet gi Choletains genannt.
Cholet läit op enger Héicht vun 124 Meter, am Pays des Mauges, am Dall vum Floss Moine, an op der Grenz mat den Departementer Loire-Atlantique, Deux-Sèvres a Vendée.
Mat dem gréissten ekonomesche Facteur, der Textilindustrie, ass et an den 1950er Jore, lues awer sécher biergof gaangen. Et hu sech awer aner Industrien, wéi z. B. de Pneueproduzent Michelin do installéiert.
Aus der Stad déi sech am kommerzielle Secteur vergréissert huet, besonnesch duerch d'Implatatioun vun aneren Industrieë, wéi Bébé Confort, Nicoll, L'Abeille, Thales, Charal a Jeanneau, ass zesumme mat engem grousse Geschäftszenter mat Wierksgeschäfter, op der Nopeschgemeng La Séguiniére, eng grouss Beschäftegungszon entstanen. Den Uschloss un d'A87 huet doderzou och bäigedroen.
1973 huet Cholet mat der Nopeschgemeng Le Puy-Saint-Bonnet déi bis dunn am Departement Deux-Sèvres war, fusionéiert. Dat huet mat sech bruecht dat d'Departementsgrenze geännert hunn. Le Puy-Saint Bonnet dat haut ronn 1800 Awunner huet, krut de Statut vun enger Commune associée.
D'Gemeng ass Member an der interkommunaler Struktur Communauté d'agglomération du Choletais
Cholet huet Uschloss un de Verkéier duerch follgend Stroossen:
Commons: Cholet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.