lëtzebuergesche Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fernand Boden, gebuer den 13. September 1943 zu Iechternach, ass e lëtzebuergesche Politiker[1].
Fernand Boden | |
---|---|
Gebuer |
13. September 1943 Iechternach |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léck |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
De Fernand Boden huet seng Première am Lycée classique zu Iechternach gemaach an duerno op de Cours supérieurs an op der Universitéit vu Léck Mathematik a Physik studéiert, wouran en e lëtzebuergeschen Doktorat huet (duerch d'Gesetz vun der 'Collation des grades'). Tëscht 1966 an 1978 war hie Professer am Iechternacher Lycée.
Seng politesch Karriär huet en 1970 als éischte Schäffe vun Iechternach ugefaangen (bis 1976). 1978 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber nogeréckelt a gouf 1979 erëmgewielt.
Hie war vum 17. bis den 19. Juli 1979 Deputéierten am Europaparlament[2].
Hie gouf Minister fir Erzéiung, Jugend an Tourismus an der Regierung Werner-Thorn-Flesch. Dës Portefeuillen huet en och vun 1984 bis 1989 an der Regierung Santer-Poos I bäibehalen.
1989 gouf de Fernand Boden Minister fir Familljen a Solidaritéit, Mëttelstand an Tourismus an der Regierung Santer-Poos II. 1994 koum d'Fonction Publique dobäi. De 26. Januar 1995 gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister, an d'Ministeschposte goufe geännert. De Fernand Boden gouf Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung, fir Mëttelstand an Tourismus a fir Wunnengsbau.
Tëscht 1999 an 2004, an der Regierung Juncker-Polfer, an tëscht 2004 an 2009, an der Regierung Juncker-Asselborn I, huet de Fernand Boden déi selwecht Portefeuillë bäibehalen.
No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 war de Fernand Boden, bis de 7. Oktober 2013, Deputéierten an der Chamber.
Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.