Amerika (Kontinent)

Duebelkontinent From Wikipedia, the free encyclopedia

Amerika (Kontinent)
Remove ads

Amerika ass en Duebelkontinent, deen aus den zwéi Kontinenter Nordamerika a Südamerika besteet, déi duerch d'Mëttelamerika an d'Karibik matenee verbonne sinn. En zitt sech vum Nordpol bis bal un d'Antarktis.

Séier Fakten Geographie, Besteet aus ...

Den Duebelkontinent huet eng total Fläch vun ongeféier 42,55 Millioune Quadratkilometer. Op deenen zwéi Kontinenter liewe méi wéi 1,055 Milliard Mënschen.

Remove ads

Geographie

Amerika erstreckt sech iwwer bal 43 Millioune km², wat engen 28 % Festland vun der Äerduewerfläch entsprécht. Den amerikanesche Kontinent läit tëscht dem Arkteschen Ozean am Norden, dem Atlantik am Osten, dem Pazifik am Westen an der Antarktis am Süden.

De Kontinent ass duerch eng grouss geologesch a klimatesch Diversitéit gepräägt. Vum Permafrost an der Arktis bis zu tropesche Reebëscher am Amazonasgebitt ass bal all Klima vertrueden.

Gewässer

Amerika besëtzt bedeitend Waasserressourcen:

  • Amazonas: de längste Floss a Südamerika an de waasserräichste Floss weltwäit;
  • Mississippi-Missouri-System: gréisste Flosssystem an Nordamerika;
  • Grouss Séien: eng Grupp vu fënnef grousse Séien tëscht Kanada an den USA;
  • Karibescht Mier: wichtegt maritimt Gebitt fir den Tourismus an d'Biodiversitéit;
  • strateegesch Waasserstroosse fir den interkontinentale Verkéier, ë. a.:
    • Panamakanal, tëscht dem Atlantik an dem Pazifik;
    • St. Lawrence River, tëscht dem Ontarioséi an dem Atlantik.

Bierger

Déi markantst Biergketten um Kontinent sinn:

  • Rocky Mountains (Nordamerika);
  • Appalachen (Nordamerika, Oste vun den USA);
  • Anden, déi längst Biergketten op der Welt, déi sech duerch dat ganzt westlecht Südamerika zitt;
  • Cordillera Central a Mëttelamerika.
Remove ads

Geschicht

Amerika war ursprénglech vun enger grousser Villfalt vun indigeene Kulture bewunnt. Déi éischt europäesch Kolonisatioun huet am 15. Joerhonnert mat de Reese vum Christoph Kolumbus ugefaangen. Am Laf vun der Zäit hu verschidde Kolonialmuechten – besonnesch Spuenien, Portugal, Frankräich an England – Deeler vum Kontinent ënner sech opgedeelt. Dëst huet zu grousse Verännerungen an der Demographie, der Politik an der Kultur gefouert. Am 18. a 19. Joerhonnert hunn déi meescht amerikanesch Länner hir Onofhängegkeet erkläert.

„Entdeckung“ vun Amerika

Obwuel bekannt ass, datt ëm d'Joer 1000 de Leif Eriksson als éischten Europäer nordamerikanesche Buedem betratt huet, gëtt de Christoph Kolumbus als eigentlechen Entdecker betruecht (1492). Den Giovanni Caboto huet 1497 als éischten Europäer amerikanescht Festland betratt. 1507 erkennt den Amerigo Vespucci als éischten Amerika als e Kontinent. Et gëtt och Unzeechen, datt onbekannt Islänner schonn am Joer 985 Nordamerika erreecht hätten.

Remove ads

Bevëlkerung a Sproochen

Amerika huet ongeféier 1,055 Milliarden Awunner an d'Sproocheverdeelung reflektéiert d'kolonial Geschicht:

Politik

D'politesch Systemer variéiere vun demokratesche Republicken (z. B. Kanada, Chile) bis zu méi instabille Regimmer wéi a Venezuela.

Déi gréisst international Kooperatiounsplattforme sinn:

  • Organisatioun vun Amerikanesche Staaten (OAS) déi Demokratie, Sécherheet a Mënscherechter promouvéiert;
  • Mercosur: eng wirtschaftlech Allianz a Südamerika (z. B. Brasilien, Argentinien);
  • Karibesch Gemeinschaft (CariCom): eng Kooperatioun tëscht de Karibikstaaten.
Remove ads

Ekonomie

Amerika ass wirtschaftlech heterogen: vun héich entwéckelte Staaten (USA, Kanada) bis zu Länner mat méi schwaacher Infrastruktur. D'USA si mat engem Bruttoinlandsprodukt vun 29,18 Milliarden USD (2024) déi gréisst Wirtschaftsnatioun op der Welt[1].

Tourismus

Tourismus spillt an alle Regiounen eng grouss Roll, absënns:

Haaptexportartikel

D'Haaptexportartikelen no Regioun begräifen:

  • Nordamerika: Technologie, Automobilindustrie, Réimaterial (Äerdueleg, Koffer, Eisenäerz), Industrie- an Agrarprodukter (USA, Kanada);
  • Karibik: Bauxit, Rum, …
  • Mëttelamerika: Kaffi, Banannen, Zockerrouer, …
  • Südamerika: Soja (Brasilien, Argentinien), Koffer (Chile), Ueleg (Venezuela), Lithium (Bolivien, Argentinien).
Remove ads

Opdeelung

Geographesch Opdeelung

Amerika gëtt traditionell a follgend grouss Regiounen opgedeelt:

Alternativ gëtt et och eng Opdeelung op der Basis vun der Sprooch an der Kultur an Angloamerika (engleschsproocheg Regiounen) a Latäinamerika (romanesch Sproochen).

Länner

Zum amerikanesche Kontinent gehéieren:

  • 35 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 6 Gebidder vun net-amerikanesche Staaten,
  • 18 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.

Membere vun de Vereenten Natiounen

Méi Informatiounen Nr, Staat oder Territoire ...

Gebidder vun net-amerikanesche Staaten

Méi Informatiounen Nr, Territoire ...

Ofhängeg Gebidder

Méi Informatiounen Nr, Territoire ...
Remove ads

Quellen

Um Spaweck

 Commons: Amerika (Kontinent) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. World Bank Open Data. World Bank Open Data. Gekuckt den 21.07.2025.
  2. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  3. D'Quell vun de Bevëlkerungszuelen ass - wann net anescht uginn - d' (de) Liste der Länder und Territorien nach Einwohnerzahl (Versioun vum 10. Mee 2025 (22:42)) déi hirersäits op den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen opgebaut ass.
  4. Antigua: 280 km²; Barbuda: 161 km²
  5. Saint Kitts 168 km²; Nevis 93 km²
  6. (de) Deutsche Stiftung Weltbevölkerung (DSW), DSW-DATENREPORT 2022 (PDF) (2022). Gekuckt de 06.07.2025.
  7. Saint Vincent 45 km²; Grenadinnen 344 km²
  8. (en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads