Europäesch Bank fir Neiopbau an Entwécklung
international Organisatioun From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Europäesch Bank fir Neiopbau an Entwécklung (engl.: European Bank for Reconstruction and Development, frans.: Banque européenne pour la reconstruction et le développement; däit.: Europäische Bank für Wiederaufbau und Entwicklung; kuerz: BERD oder EBRD) ass eng international Bank, déi Rekonversioun vun den Ekonomien an de fréieren kommunistesche Länner an Europa an Zentralasien finanzéiert. Déi bewëllegt Sue si fir d'Privatiséierung vun Entreprisë geduecht. Hire Sëtz ass zu London.
| Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Remove ads
Originnen
D'BERD gouf 1991 gegrënnt, nodeem d'Berliner Mauer gefall war an déi fréier kollektivistesch Länner de Wee zeréckfonnt hunn zum System vun der Privatwirtschaft. D'Zil vun der BERD war an ass et, dëse Länner an hirem schwierege Reconversiounsprozess bäizestoen.
Den éischte President vun der BERD war de Fransous Jacques Attali.
Membere vun der BERD
Als Reaktioun op déi russesch Invasioun vun der Ukrain zënter 2022 huet de Verwaltungsrot vun der BERD den Zougank zu de Ressourcen vun der Bank fir souwuel russesch wéi och wäissrussesch Entitéite ausgesat an d'Büroe vun der Bank an den zwou Haaptstied Moskau a Minsk zougemaach, awer béid Länner sinn nach ëmmer Aktionären.[2],[3]
Remove ads
Um Spaweck
Referenzen
- (en) EBRD Press Office, EBRD moves forward with action against Russia and Belarus. ebrd.com (1. Mäerz 2022). Gekuckt den 1. Oktober 2025.
- (en) EBRD Press Office, EBRD to close its offices in Moscow and Minsk. ebrd.com (28. Mäerz 2022). Gekuckt den 22. Januar 2025.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads
