Clemenshaff

Haff a Lieu-dit an der Gemeng Bettenduerf From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Clemenshaff ass en Haff a Lieu-dit an der Gemeng Bettenduerf.

Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geographie

Et fléisst eng Baach laanscht den Haff, déi aus engem Weier entspréngt, deen +/- 50 m laang a 40 m breet ass. De Clemenshaff läit um Rand vum Bësch an ass vu Felder ëmginn. Op 800 m läit de Mouschbierg, wou och en Haff ass. Eng 750 m vum Mouschbierg ewech läit e Steebroch, deen ausser Betrib ass. Et ass iwweregens eng Bushaltestell um Mouschbierg an et ass ongeféier 1 km bis zur Haaptstrooss N14 (vum Clemenshaff aus). De Clemenshaff läit op enger Héicht vu 304 m (NG-L).

An der Ëmgéigend läit och nach d'Tschiddeschmillen. Et kënnt een awer och iwwer Bëschweeër op de Brouderbuer, op Steeën, Folkendeng, Gilsdref, Angelduerf an Dikrech.

Remove ads

Kuckt och

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads