Eurovision Song Contest 2013

58. Editioun vum europäesche Museksconcours From Wikipedia, the free encyclopedia

Eurovision Song Contest 2013
Remove ads

Den 58. Eurovision Song Contest hat seng zwou Halleffinallen de 14. a 16. Mee, a seng Finall den 18. Mee 2013 an der Malmö Arena an der schweedescher Stad Malmö. Déi Hal ka bis 15.500 Zuschauer ophuelen. Eenzeg Presentatrice fir déi dräi Deeler vum Concours war d'Petra Mede.

Méi Informatiounen 58. Eurovision Song Contest ...
Thumb
Malmö Arena
Thumb
D'Petra Mede, Presentatrice vum ESC

Lëtzebuerg huet scho wéi déi 19 Joer virdru fräiwëlleg net matgemaach. Och Andorra, Polen, Tschechien, Monaco, Bosnien an Herzegowina, Portugal, d'Slowakei an d'Tierkei hu fräiwëlleg net matgemaach. Am Ganze waren 39 Länner dobäi.

Zanter 2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng éischtplacéiert d'Finall erreechen. Sechs weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déi Grouss Fënnef (Big-5) vun der European Broadcasting Union (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, déi Kéier Schweden.

Déi éischt Plaz krut d'Vertriederin vun Dänemark, d'Emmelie de Forest mam Lidd Only Teardrops mat 47 Punkte Virsprong virum Farid Mammadov (Aserbaidjan). Déi drëtt Plaz krut d'Slata Ohnewytsch, déi fir d'Ukrain ugetruede war.

Fir Dänemark war et déi drëtt Kéier no 1963 an 2000, datt et de Grand Prix gewonnen hat.

Remove ads

Halleffinallen

1. Halleffinall

Déi éischt Halleffinall war de 14. Mee 2013.

Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Groussbritannien, Italien a Schweden.

Méi Informatiounen Startnr., Land ...

2. Halleffinall

Déi zweet Halleffinall war de 16. Mee 2013.

Déi genee Punkteverdeelung gouf eréischt no der Finall bekannt gemaach fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei där Halleffinall waren d'Länner déi matgemaach hunn an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Spuenien.

Méi Informatiounen Startnr., Land ...
Remove ads

Finall

D'Finall war den 18. Mee 2013.

Déi 26 Länner an der Finall waren:

  • Déi "Grouss 5" (Big-5) Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Grousbritannien
  • D'Gaaschtland, Schweden
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall

Am Fall vu Punktegläichheet sollt dee mat der héchster Eenzelwäertung gewannen. Ofstëmmungsberechtegt bei der Finall waren all 39 Länner déi matgemaach haten.

Verschidde Medien hunn Dänemark an d'Ukrain mat beschte Chancë gesinn fir ze gewannen.

Méi Informatiounen Plaz, Startnr. ...
Remove ads

Weideres

  • Den Emil Ramsauer vun der Schwäizer Grupp Takasa war an der zweeter Halleffinall mat 95 Joer den eelste Participant op enger ESC-Bün. Hien huet domat den 2012 opgestallte Rekord vun der 77-järeger Natalija Pugatschowa vu Buranowskije Babuschki gebrach.
Thumb
Ukrain: de Leonid Stadnyk mam Slata Ohnewytsch
  • Deen an deem Ament gréisste Mann vun der Welt, den 2,59 Meter grousse Leonid Stadnyk, huet déi ukrainesch Intrepretin Slata Ohnewytsch op d'Bün gedroen.
  • Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi:
    • de Bledar Sejko fir Albanien 2011 (Begleedung vum Aurela Gaçe)
    • de Gor Sujyan fir Armenien 2010 (Begleedung vum Eva Rivas)
    • d'Eliza Todorowa & Stojan Jankulow fir Bulgarien 2007
    • d'Aliona Moon fir Moldawien 2012 (Begleedung vum Pasha Parfeny)
    • d'Valentina Monetta fir San Marino 2012

Um Spaweck

 Commons: Eurovision Song Contest 2013 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méi Informatiounen Baku (Aserbaidjan), Kopenhagen (Dänemark) ...

Referenzen

    Loading related searches...

    Wikiwand - on

    Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

    Remove ads