Gemeng Manternach

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Gréiwemaacher From Wikipedia, the free encyclopedia

Gemeng Manternach
Remove ads

D'Gemeng Manternach ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Gréiwemaacher. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Manternach vun där se och hiren Numm huet.

op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Uertschaften an der Gemeng

Geographie

D'Gemeng Manternach läit am Kanton Gréiwemaacher am Oste vum Land.

Manternach an d'Gemenge ronderëm

Rose des vents Bech Rouspert-Mompech Rose des vents
N Mäertert
W    Manternach    O
S
Biwer Gréiwemaacher

Geschicht

Manternach huet bis d'Franséisch Revolutioun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier gehéiert. D'Härenhaus (haut d'Märei) war eng Filial vun där Abtei.

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

Thumb Beschreiwung am Originaltext:

écartelé d'or et d'azur à la croix ancrée écartelée de gueules et d'argent, brochant
D.C. 29. Oktober 1983 - A.M. 19. Dezember 1983 - Mémorial B 1983, Säit 1379 - Projet: 1983 Jean-Claude Loutsch.

Politik

De Gemengerot vun der Gemeng Manternach gëtt nom Majorzsystem gewielt.

Politik

Buergermeeschteren

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
  • 1844 - 1849: M. Prost[1]
  • 1849 - 1850: E. De Waha
  • 1850 - 1867: J. Mehlen
  • 1867 - 1885: J. Prost
  • 1885 - 1894: M. Schram
  • 1894 - 1909: M. Schiltz
  • 1909[1] - 1941[2]: Nikolaus Wagner
  • ...
  • 1975 - 2005: Henri Frank
  • 2005 - 2011: Willibrord de Jong
  • 2011 - 2017: Henri Frank
  • zanter 2017: Jean-Pierre Hoffmann
Remove ads

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Manternach ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Jumelage

Thumb
E Jumelage-Schëld (2021) iwwert eng Partnerschaft déi schonn zanter iwwer zéng Joer net méi besteet

Manternach hat 1991 e Jumelage mat der franséischer Gemeng Saint-Désert (Saône-et-Loire) ënnerschriwwen; dës Partnerschaft gouf awer den 30. September 2010 vun der franséischer Gemeng gekënnegt, well keng Aktivitéiten méi tëscht béide Gemenge bestanen hunn a well de Comité de Jumelage sech net un all Konditioune gehalen hat[3].

Remove ads

Kuckeswäertes

Thumb
Manternach

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Manternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Die Bürgermeister im Distrikt Grevenmacher 1843—1933. In: Obermosel-Zeitung, 54. Jg., nº 87, Erstes Blatt (14.04.1934), p. 2 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Sterbefall in Berburg. In: Luxemburger Wort, 1943. Jg., nº 16&17 (16.01.1943), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg],
  3. (fr) Compte rendu conseil municipal : jeudi 30 septembre 2010. www.saint-desert.fr (30.09.2010). Gekuckt den 13.12.2021.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads