Groesteen

Lieu-dit an der Gemeng Pëtschent From Wikipedia, the free encyclopedia

Groesteen
Remove ads

Groesteen ass e Lieu-dit um CR322 an der Gemeng Pëtschent, zirka 1,5 km südlech vu Pëtschent (Loftlinn). Et sti 5 Haiser do.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Groesteen an der Gemeng Pëtschent. Fir aner Beteitunge, kuckt wgl. Groesteen (Homonymie).
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geographie

De Groesteen läit op enger Héicht vun zirka 500 – 510 m (NG-L). An der Noperschaft leien am Süden de Ronnebësch an den Houschterhaff, am Westen de Pull (Poul) an am Osten den Niklosbierg, deen ongeféier 1 km wäit ewech a Richtung Veianen läit.

Um Groesteen ass d'Kräizung vum CR322 a vum CR352.

De Groesteen

Thumb
De Groesteen

Bemierkenswäert op der Plaz ass dee sougenannte Groesteen (Grafenstein), deen dem Lieu-dit säin Numm ginn huet. Dëse Steen huet d'Grenz tëscht den Herrschaftsberäicher vun de Grofe vu Stolzebuerg, Veianen a Branebuerg markéiert.[1]

Op dem Groestee waren ursprénglech dräi Kräizer agemeesselt, wouvun der nëmme méi zwee nach däitlech z'erkenne sinn. Iwwer d'Interpretatioun vun deene Kräizer ginn d'Meenungen auserneen. Fir déi eng sinn et chrëschtlech Symboler, fir anerer sollen et steenzäitlech Duerstellunge vu Mënsche sinn.[1]

De Groestee stoung laang op privatem Terrain. 2013 gouf en op d'Initiativ vum Syndicat d'initiative Stolzembourg erëm op senger ursprénglecher Plaz nieft der Strooss opgestallt. Och en Informatiounspanneau gouf nieft dem Groesteen opgeriicht.[1]

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Groesteen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. ArWa, 2013. Ein Zeuge mit Vergangenheit. Aufwertung für Grenzstein am "Groesteen" zwischen Pütscheid und Vianden. Luxemburger Wort vum 30. Juli 2013, S. 16.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads