Hauskaz
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Hauskaz (Felis silvestris f. catus) ass zanter ville Joerhonnerten en Hausdéier, dat vun de Mënsche gehale gëtt. Si staamt aus der Famill vun de Kazen. Et gëtt zwou Kategorië vun Hauskazen: déi laanghäreg an déi kuerzhäreg.
Männlech Kaze gi Kueder genannt.
Remove ads
Geschicht
D'Hauskaz staamt vun der Wëllkaz of. Haaptsächlech gëtt ugeholl, datt hiren direkte Virfahr d'Falbkaz (Felis silvestris libyca) ass. Dës lieft am Busch an Afrika an an den arabesche Länner. Den zweetstärksten Afloss huet Steppekaz (Felis silvestris ornata), déi hire Liewensraum an Asien huet. Geneetesch Kennzeechen huet d'Hauskaz awer och nach vun der Bëschkaz (Felis silvestris silvestris), déi een an Europa, Klengasien an am Iran fënnt.
Remove ads
Eegenschaften
Kaze ginn normalerweis tëscht 15 an 20 Joer al. Well d'Kazen zu der Uerdnung vun de Raubdéiere gehéieren, hu si och deenen hiren Driff, fir op d'Juegd ze goen. Si schläiche sech un hir Beit erun, ier si drop sprangen. Haaptsächlech nach jonk Kaze beweisen dësen Driff, andeems si op alles sprangen, wat sech beweegt.
Kierperbau
D'Sënner
D'Hale vun Hauskazen
Erzéiung
Ernierung
Fleeg
Kazekrankheeten
Kazerassen
An der Reegel gehéieren all Rasse fënnef Grondkategorien un:
- Perser
- Halleflaanghoer
- British Kuerzhoer
- Amerikanesch Kuerzhoer
- Orientalesch Kuerzhoer
Haut gëtt et bei Wäitem iwwer honnert verschidde Kazerassen. An et kommen der dauernd bäi.
Literatur
Um Spaweck
![]() |
Commons: Felis silvestris catus – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads