Nationalstrooss 90

Nationalstrooss zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Nationalstrooss 90
Remove ads

D'Nationalstrooss 90 oder N90, och „Transversale de Clervaux“ genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Éislek déi d'Verbindung tëscht der N7 nërdlech vu Maarnech an der N18 nërdlech vu Klierf mécht. Si ass zanter dem 2. August 2024 ganz fir de Verkéier op,[1] nodeems en éischt Stéck schonns dem 10. Juni 2022 a Betrib geholl gouf.

op ee Bléck Maarnech - Klierf, Land ...
Laf an Uschlëss
Maarnech Hougeriicht N 7 CR 326B
Reiler Irbich
CR 339 CR 340
Reiler Olegrëndchen
CFL-Linn 1
Klierf
Klierf N 18 CR 334
Remove ads

Geschicht

An hirem Strategiedokument „route2020.lu“ huet d'Bauverwaltung 2007 festgehalen, datt d'Industriezon Eeselbuer/Lenzweiler positiv zur Entwécklung vun der Regioun bäidroe géif, datt awer den Uschloss fir de Verkéier aus dem Osten, abënns vun der Achs Hengescht - Housen net gënschteg wier an datt déi eenzeg Strooss fir de Schwéierverkéier d'Nationalstrooss 18 ass, déi duerch Klierf féiert. Eng Partie vum Verkéier géif och iwwer Stroosse fueren, déi net fir de Schwéierverkéier bestëmmt sinn[2]. Fir deem entgéint ze wierken, huet si de Bau vun der Transversale de Clervaux proposéiert.

Mat der Publikatioun vum ministeriellen Arrêté[3] den 18. Mee 2010 gouf eng Enquête lancéiert fir erauszefannen, wat fir eng Terrainen am Kader vun der geplangter Transversale ënnert de Remembrement fale géifen. D'Exekutioun vun der Remembrementsprozedur gouf de 16. Februar 2011 lancéiert[4].

D'Käschte fir de Bau vun der Transversale, déi uganks op 33 Milliounen Euro geschat goufen[5], hu sech mat der Zäit méi wéi verduebelt[6]. Mam Gesetz vum 7. September 2018 krut d'Regierung d'Erlabnes fir d'Transversale mat engem Budget vun 73 Milliounen Euro bauen ze loossen[7].

D'Transversale sollt fir uganks 2023 fäerdeg sinn[6]; en éischten Deel ass den 10. Juni 2022 opgaangen.

Remove ads

Streck

D'Nationalstrooss 90 huet eng Längt vun 3,7 km an erméiglecht e besseren Accès an d'Industriegebitt Eeselbuer/Lenzweiler a gläichzäiteg eng Entlaaschtung vun der N18 an den Duerchfaarte vu Klierf a Maarnech[8] an der N12 duerch Ëlwen[9]. Se besteet aus zwéin Deeler:

N7 - CR340

Thumb
D'N90 stéisst op de Rond-point CR339/CR340

Den Ufank vun der Transversale ass um Rond-point op der N7, nërdlech vu Maarnech. Dee Rond-point huet en Duerchmiesser vu ronn 90 m a gouf tëscht August 2014 an Abrëll 2016 gebaut[9][10]. D'Ausfaart an d'Afaart vun der Transversale war bei deenen Aarbechten op enger Längt vu ronn 60 m mat gebaut ginn[6].

Vun der N7 aus leeft d'Strooss meanderaarteg fir d'éischt a Richtung Nordweste laanscht de Weifeschdellchen an dann iwwert den Irbich-Viaduc fir um Flouer beim Lindgen op en zweete Rond-point ze stoussen, vun deem aus et iwwert den CR339 a Richtung Norden op Ischpelt an a Richtung Süden iwwert den CR340 op Reiler geet.

Dësen Deel vu ronn 1,9 km ass zweespuereg gebaut ginn a sollt ursprénglech bis Enn 2021 fäerdeg gebaut sinn[6]; d'Mise en service ass awer an d'Fréijoer 2022 geréckelt ginn[11] a gouf schlussendlech den 10. Juni 2022 ageweit[12].

CR340 - N18

De Rond-point um CR339 / CR340, deen zanter Mëtt 2021 fir de Verkéier op ass[11], gouf ronn zéng Meter méi déif wéi den natierlechen Terrain geluecht, absënns fir datt d'Strooss vu Klierf erop keng ze vill géi Pente kritt[6]. D'Transversale leeft dann a Richtung Südwesten, bis iwwer den CR339 (Route d'Urspelt).

De Rescht vun der Streck leeft duerch de Reilerbrouch, iwwert eng Bréck vu 55 m iwwert den Olegrëndchen an eng zweet Bréck vun 155 m iwwert den Dall vun der Klierf. Se kënnt dann an engem neie Rond-point nërdlech vu Klierf, op Héicht vun der Kräizung N18 mam CR334 eraus. Dëst Stéck ass den 2. August 2024 opgaangen.

Den Tronçon CR340 - N18 huet ongeféier 1,8 km an d'Strooss huet op deem Deel 3 Spueren.

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Nationalstrooss 90 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (fr) Papier Stratégique ‘‘route2020.lu’’ - La transversale de Clervaux(N7/N18). Administration des ponts et chaussées (2007). Gekuckt den 28.06.2020.
  2. (de) (John Lamberty) Transversale de Clervaux: Bilder einer Baustelle. wort.lu (26.06.2020) Archivéiert de 27.06.2020. Gekuckt de 27.06.2020.
  3. (fr) Transversale de Clervaux N7-CR340-N18. Administration des ponts et chaussées (03.12.2019). Gekuckt de 27.06.2020.
  4. (de) John Lamberty, Arbeiten an der "Transversale de Clervaux" bei Marnach: Geburt eines Großprojekts. wort.lu (18.06.2015) Archivéiert den 29.06.2020. Gekuckt de 27.06.2020.
  5. (fr) Transversale de Clervaux: Inauguration du 1er tronçon (N7 – CR340). gouvernement.lu (10.06.2022). Gekuckt de 04.04.2023.
  6. (fr) Transversale de Clervaux: 1er tronçon inauguré !. travaux.public.lu. Gekuckt de 04.04.2023.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads