Roger Thull

lëtzebuergesche Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia

Roger Thull
Remove ads

De Roger "Rosch" Thull, gebuer den 22. Mee 1939 zu Téiteng, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.[1]

op ee Bléck Gebuer, Nationalitéit ...
Thumb
Roger Thull

Hien ass am Minett opgewuess ënner deene Verhältnesser déi, deemools nom Zweete Weltkrich, zu Lëtzebuerg d'Reegel waren. Säin éischte Coursevëlo war dann och "nëmmen" eng Occasioun.

Seng éischt Pai huet hien op der Arbed verdéngt. No senger Profiscarrière gouf hie Sportlehrer an ass dat bis zu senger Pensioun am Joer 1999 bliwwen.

Hie war Zaldot bei der Arméi an der Garde Grand-Ducale an hat deemools keng Zäit fir ze trainéiere well e keng Fräistellung krut, duerch Ursaache wéi d'Garde beim Palais, zu Walfer oder a Manöweren zu Bitche oder zu Sissonne a Frankräich.

De Rosch ass den 11. Juni 1966 wärend dem Tour de Luxembourg mat dem Lottche bestuet ginn. Si wunnen haut zu Biergem.

No senger aktiver Zäit trainéiert hie bis haut jonk Cyclisten.

Seng Trainerstatioune sinn:

  • 1965 – 1969 L.C. TETANGE
  • 1969 – 1971 Pignon BONNEVOIE
  • 1971 – 1984 V.S. ESCH
  • 1985 – 1991 A.C.T. KOPSTAL
  • 1991 – 1994 U.C.A.S.E. ECHTERNACH
  • 1994 – 1996 Entraîneur national F.S.C.L.
  • 1996 – 2005 L.P.S. 07 SCHIFFLANGE
  • 2005 – 2008 Entraîneur national cadre Juniors F.S.C.L.
Thumb
Roger Thull, Charly Gaul, Marcel Ernzer
Remove ads

Palmarès

Bemierkung: d'Kategorien Andeelunge ware fréier Cadet - Debutant - Amateur - Independant - Profi - Veteran

1955 (Debutant)

  • 7. bei den nationale Meeschterschaften zu Dummeldeng

1956 (Debutant)

1957 (Junior)

  • Champion bei de Junioren zu Dikkrech

1958

Bis den 22. Mee nach Junior, awer nëmmen zweemol um Depart wéinst dem Militärdéngscht. Duerno (Amateur). Militärdéngscht an der Garde. Agezu ginn an d'Kasär zu Senneng wou och d'Grondausbildung gemaach gouf. Duerno op Walfer verluecht gi bis 1959. Déngscht beim Palais Grand-Ducal zu Lëtzebuerg plus 6 Wochen an de Manöveren zu Bitche respektiv zu Sissone. Entlooss ginn den 2. Februar 1959 zu Walfer.

1959 (Amateur)

  • 80. an der Friedensfahrt BERLIN-PRAG-WARSCHAU
  • 30. an der Österreich-Rundfahrt
  • 4. bei den nationale Meeschterschaften zu Miersch
  • 15. bei der Stroosseweltmeeschterschaft zu Zandvoort (189,2 km)

1960 (Amateur)

  • an dëser Saison gewënnt hien 8 Courssen
  • Champion bei den Amateuren
  • 28. bei der Stroosseweltmeeschterschaft um Sachsenring (174,6 km)
  • 41. bei den Olympesche Spiller zu Roum op der Stroossecourse (175,380 km)

1960

No der Olympiade (Profi bei Kas-Royal Asport)

1961 (Gazzola)

well déi Zäit och nach fir déi kleng Länner eng "double appartenance" méiglech war ass de Rosch och nach fir déi franséisch Grupp FRIMATIC gefuer.

  • 15 Tour des Monts Auvergnes
  • 29. am Tour de Romandie
  • 20. Etapp am Giro no Kontrollschluss ukomm (2-mol Platt a Boyaux selwer gewiesselt a bei der drëtter Crevaisoun gewaart bis en Auto vun Campagnolo en neit hënnescht Rad gewiesselt huet. Gewonnen huet dës Etapp déi iwwer de Stelvio op Bormio gefouert huet de Charly Gaul
  • 15. am Tour de l'Aquitaine
  • Tour de Luxembourg
    • 8. an der 2. Etapp vu Beetebuerg op Beetebuerg (164 km)
  • Tour de France (eliminéiert an der 12. Etapp)
  • 5. Championnat de Luxembourg

1962 (Profi bei Gazzola)

23. bei Milano - Torino

1963 (Profi bei Ruberg)

1964 (Profi bei Flandria - Roméo)

1965 (Profi bei Lamot - Libertas)

Remove ads

Kuckt och

Referenzen

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads