Sierk

franséisch Gemeng From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

Sierck-les-Bains (lëtz.: Sierk, loutrengesch: Siirk) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, eng 4 km südlech vum däitsch-franséisch-lëtzebuergeschen Dräilännereck, um rietsen Uwänner vun der Musel.

Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Remove ads

Geschicht

Thumb
Den Zentrum vu Sierk

Den Uert geet op gallo-réimesch Urspréng zeréck, wéi verschidden Iwwerreschter beweisen. Am 10. Joerhonnert war e vun den Tréirer Äerzbëscheef ofhängeg, bis datt déi Loutrenger Herzogen en am 11. Joerhonnert iwwerholl an do eng Buerg gebaut hunn. Déi Buerg gouf am Laf vun der Geschicht dacks belagert, 1633 stounge schliisslech och d'Truppe vum Louis XIII. virun der Dier, mä et huet nach bis 1661 gedauert bis datt Sierk offiziell en Deel vu Frankräich ginn ass. D'Buerg selwer gouf als Fort un der franséischer Baussegrenz nach e puermol moderniséiert an ausgebaut, 1866 ass se awer definitiv deklasséiert ginn.

left
Thumb
180°-Panorama vu Sierck-les-bains vum Strombierg erof.
Remove ads

Kuckeswäertes

  • Buerg Sierk, d'Buerg vun de Loutrenger Grofen
  • Krichsmonumenter (Krich vun 1870, éischten an zweete Weltkrich)
  • Kapell Marienfloss aus dem 13. Joerhonnert
  • Kierch Notre-Dame vu 1492
  • Park Valette
  • Promenade laanscht d'Musel
  • Quarzit-Steebroch vu Sierk

Bevëlkerungsentwécklung

Joer1962196819751982199019992006
Awunner1165147115831665182518721730

Illustratiounen

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Sierck-les-Bains – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads