From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Äerduewerfläch ass d'Grenzschicht tëscht der fester Äerdkuuscht oder den Ozeanen op der enger an der Atmosphär op der anerer Säit. Si léisst sech no verschiddene Krittären an Hemisphären (vum griicheschen ἥμισυς hemisys „hallef“ a σφαῖρα sfaira „Kugel“) an Hallefkugelen andeelen, also an Hallschente vun der Äerduewerfläch.
Terrainshéichten op der Äerduewerfläch ginn op de mëttlere Mieresspigel bezunn. Dës Niveaufläch – d'Geoid – huet bal d'Form vun engem Ellipsoid an eng Uewerfläch vu 510 Millioune km², wouvu 70,8 % vu Miere bedeckt sinn.
De Buedem ass déi iewescht Verwitterungsschicht vun der Lithosphär (Gestengsmantel) an entsteet duerch Virgäng vun der Verwitterung an der Humusbildung, bei där Aflëss vu ville Geofaktoren zesummewierken. Duerch Verwitterung an aner exogen Prozesser gëtt déi iewescht Gestengsschicht vun der Äerdkuuscht zerklengert. Jee no Grad vun der Verwitterung an de cheemeschen Eegenschafte vum Gestengs entstinn ënnerschiddlech Buedemaerten a Buedemschichten.
D'Uewerfläch vun der Äerd huet 510 Millioune km².
Den Undeel vun der Landfläch ass ongeféier 148,9 Mio. km² (29 %); d'Land verdeelt sech op Kontinenter an Inselen:[1]
Kontinent | Landfläch | % | Küst |
---|---|---|---|
Asien (ouni Polarinselen) | 44,4 Mio. km² | % | 31km | 57.000
Amerika (ouni Polargebidder) | 38,3 Mio. km² | % | 27km | 64.500
Afrika | 29,3 Mio. km² | % | 20km | 26.000
Antarktika | 13,2 Mio. km² | % | 9|
Europa (ouni Island, Nowaja Semlja, atlantesch Inselen) | 9,9 Mio. km² | % | 7km | 31.460
Australien (mat Tasmanien) | 7,7 Mio. km² | % | 5km | 34.000
total | 148,9 Mio. km² | 100 % | 356.000 km |
D'total Längt vun de Küsten ass ongeféier 356.000 km.
Den Undeel vun der Waasserfläch ass zirka 361,2 Mio. km² (71 %); d'Waasser verdeelt sech haaptsächlech op d'Ozeanen:
Ozean | % | mëttelst Déift |
---|---|---|
Pazifischen Ozean | 47 % | 3870 m |
Atlanteschen Ozean | 24 % | 3380 m |
Indeschen Ozean | 20 % | 3600 m |
Südlechen Ozean | % | 5|
Arkteschen Ozean | % | 4
Déi mëttelst Héicht vun den dréchenen Äerduewerflächendeeler berechent een op ongeféier 700 m (Europa 300 m, Asien 880 m, Amerika 610 m, Afrika 660 m, Ozeanien an Australien 300 m). hiren héchste Punkt op der Äerduewerfläch ass de Mount Everest mat 8.848 Meter, den déifste fräi zougängleche Punkt vun der Äerduewerfläch ass d'Doudegt Mier, deem seng Waasseruewerfläch – an Uferberäich – 423 Meter ënner dem normale Mierespiegel läit. Déift an der Moyenne vun de Mierer läit bei 3.500 m.
Verglach vun der Äerduewerfläch mat aneren Himmelskierper:
Déi total Fläch vun den 8 Planéiten aus eisem Sonnesystem ass 120 Milliarden km² grouss. Den Undeel vun eiser Äerd ass manner wéi 0,5 %.
Commons: Hemisphären – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.