Baschelt

Uertschaft an der Gemeng Bauschelt From Wikipedia, the free encyclopedia

Baschelt
Remove ads

Baschelt ass eng Uertschaft an der Gemeng Bauschelt am Kanton Wolz.

Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Baschelt (Baschleiden). Fir Boulaide, d'Nopeschduerf mat engem änleche lëtzebuergeschen Numm, kuckt wgl. Bauschelt.
op ee Bléck Aussprooch, An anere Sproochen ...
Thumb
Den Aussiichtstuerm Tempelkamp
Remove ads

Geschicht

Tëschent de Joren 1840 an 1914 si vill Awunner aus der Géigend ausgewandert: vu Baschelt, wéi och vu Bärel, Bauschelt, Béiwen, a Bonnal-Ensber.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Post scho vun 1850 un all Dag verdeelt. Vu Wolz aus goufe mat Baschelt 24 Dierfer am Ëmkrees zerwéiert.

Am Zweete Weltkrich gouf et zu Baschelt e Bunker fir Refraktären. De Grondstee vun der haiteger Kierch mat hirem markanten Tuerm gouf warscheinlech tëschent 1837 an 1843 geluecht. D'Gebai hannert der Kierch, dat haut als Festsall benotzt gëtt, war fréier d'Duerfschoul a gouf 1860 gebaut.

D'Fësche war fréier, am Laf vun der Sauer, eng heefeg an deels och eng lukrativ Beschäftegung. Am Summer ass d'Rommwiss, e flaachen Uwänner vum Stauséi, eng flott Ofwiesslung fir Touristen a Waassersportamateuren.

Bis 1828 war Baschelt en Deel vun der Gemeng Meecher. De Charles-Gérard Eyschen (1800-1859) koum zu Baschelt op d'Welt.[1][2]

Remove ads

Etymologie

Déi lescht Silb vum Duerfnumm -schleiden huet säin Ursprong am Wuert „sleide“, wat souvill heescht wéi een Hank oder eng Sank (Terrain, deen zu enger Säit hänkt).

Säit 1995 invitéiert den thematesche Rondwee „Wiss, Baach, Bësch“ op en Trëppeltour. Den Aussiichtstuerm „Mirador“ bitt um Tempelskamp (448m) eng fantastesch Vue iwwert de Stauséi. Déi al Buch an Hoschtig gouf 1984 op d'Lëscht vun den „arbres remaquables“ geschriwwen.

Remove ads

Kuckeswäertes

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Baschelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Baschelt — Kierchtuermspromenaden. www.tessyglodt.lu. Gekuckt den 02.02.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads