From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Nilgäns (Alopochen aegyptiaca), déi, wéi hiren Numm et undeit, aus Afrika staamt, ass zënter den 1970er Joren an Europa invasiv, an dat och zu Lëtzebuerg, wou si 1984 fir d'éischt nogewise gouf.
Nilgäns | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Nilgänsen zu Iechternach (2013). | |||||||||||||||||||
Aner Sproochen: | fr: Ouette d'Égypte en: Egyptian goose de: Nilgans | ||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Alopochen aegyptiaca L., 1766 |
Charakteristesch fir d'Nilgäns sinn hir relativ héich Been an hiren däischteren Afleck. Béid Geschlechter gesinn d'selwecht aus, de Männchen ass just e wéineg méi grouss.
Déi zwee Geschlechter hu verschidde Stëmmrepertoiren. Männercher zischen heess a käichen. Nëmme wa se fortfléien, loosse s'eng haart Serie vu "wräd-wräd"-Ruffer héieren. D'Weibercher ginn e séiert, duerchdréngend Geschnadders vu sech, bal wéi eng Trompett; d'Onomatopee dovu géif "honk-hää-hää-hää" geschriwwe ginn. Wa se opgereegt sinn, kléngen déi Téin nach méi haart. Et héiert een dann eng Serie vu méisilbege Riff ewéi "honk-honk-honk".
D'Nilgäns ass den eenzege rezente Vertrieder vun der Gattung Alopochen a gehéiert zur Grupp vun den Hallefgänsen (Tadorninae) an der Famill vun den Intevullen (Anatidae) aus der Uerdnung Gänsevullen (Anseriformes).
De Lëtzebuergesche Vernakularnumm Nilgäns[1] ass ofgeleet vum Floss Nil an der egyptescher Heemecht vun dëser Aart, grad ewéi och de laténgeschen Aart-Epitheton aegyptiaca. De Gattungsnumm Alopochen staamt aus dem Griicheschen a bedeit "Fuussegäns", wat sech op déi rout-brong Faarf vun hiren hënneschte Plomme bezitt.
D'Nilgäns ass a ganz Afrika heemesch, ausser an den dréchenste Gebidder. Si kënnt haaptsächlech an de Savannesuppen a laanscht d'Flëss vun Ostafrika vir, a Westafrika ass si méi seelen.
An historeschen Zäiten ass s'och an Europa um Balkan virkomm, wou si awer haut ausgestuerwen ass. Am 19. Joerhonnert gouf si nach dacks an Ungarn an a Bulgarien gesinn.
D'Nilgäns gouf wéinst hirer Schéinheet zënter dem 18. Joerhonnert an Europa gehalen. Um Enn vun deem Joerhonnert gouf et a Groussbritannien Koppelen, déi fräi an der Natur gelieft hunn. Bis um Enn vum 19. Joerhonnert ass esou eng Populatioun vu 400-500 Déieren entstanen, déi bis an d'1970er Joren zimmlech stabil bliwwen ass. Zënter den 1970er Joren huet eng Populatioun vun ëntwëschten Nilgänse sech vun Holland aus a grouss Deeler vun Europa ausgebreet.
D'Nilgäns ass nieft Afrika an Europa wäit verbreet, manner an Nordamerika. Si feelt an Asien mat Ausnam vum Mëttleren Orient.
D'Nilgäns gouf fir d'éischt zu Lëtzebuerg Enn Dezember 1984 op der Musel zu Bech-Maacher observéiert (MNHNL, iNaturalist & GBIF 2020).
2007 gouf den éischte Brutterfolleg am Naturschutzgebitt Haff Réimech bei Rëmerschen festgestallt.[2]) 20 bis 30 Bruttkoppele kënne mëttlerweil all Joers do observéiert ginn. Baussent der Bréizäit gesäit ee vill Nilgänsen uechter d'Land bei Flëss a Weieren.[3]
Haut (2022) ass d'Aart am Land wäit verbreet. Iwwer 8000 Observatioune ginn um Dateportal vum Naturmusée affichéiert (MNHNL, iNaturalist & GBIF 2020).
D'Nilgäns gouf am Joer 2017 op d'Lëscht vun den invasive gebittsfriemen Aarte vu Bedeitung fir d'Europäesch Unioun opgeholl[4], wat implizéiert, datt d'Memberlänner all néideg Schrëtt ënnerhuele musse fir ze verhënneren, datt d'Aart ongewollt agefouert oder verbreet gëtt.
Eng Risikobewäertung mat dem ISEIA-Protokoll huet erginn, datt d'Nilgäns e relativ staarken Impakt op d'Ëmwelt opweist: B3 (3+3+2+1) an domat op der Observatiounslëscht (Watch List) ass.[5]
Jidderee kann déi Aart dem Naturmusée mellen, Experte ginn zäitgläich iwwer E-Mail informéiert.
Wärend der Bréiz entwéckelt d'Nilgäns en aggressiivt Verhalen, dat zu Naschtuneegnungen an zu manner Nowuess bei verschidde Vullenaarte féiere kann [6], z. B. bei Reieren a Raubvullen. No erfollegräicher Brutt sinn déi grouss Träpp vun Nilgänse verantwortlech fir d'Iwwernotzung vun Uwänner an eng Verschlechterung vun der Waasserqualitéit (Anselin et al. 2010).
Besonnesch an urbane Gebidder kann d'Nilgäns als Plo empfonnt ginn, well d'Gänse Fräizäitwisen a Vëlospisten aggressiv eruewere kënnen, wa se an hirem Revéier leien, an domat d'Leit stéieren, déi no Entspanung sichen. Ausserdeem gëtt hire Stullgang op de Gréngflächen als Problem ugesinn.
Eng Rei Gemengen zu Lëtzebuerg waren an de leschte Jore mat dëse Problemer confrontéiert, z. B. Promenaden un der Musel (Schengen, Réimech, Waasserbëlleg) an un der Sauer (Rouspert, Iechternach) a verschidde Fräiliichtschwämmen (Gréiwemaacher, Réimech).
Do wou et grouss Populatioune vun Nilgänse ginn, wéi z. B. am Naturschutzgebitt Haff Réimech, kënne sech d'Nilgänse wärend der Bruttzäit aggressiv verhalen, och vis-à-vis vum Mënsch.
An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro (Dieschbourg 2020) huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de 25. August 2020 erkläert, wéi d'Aart zu Lëtzebuerg kontrolléiert soll ginn. Amplaz vun der Juegd, sollen d'Eeër steriliséiert ginn, andeems d'Eeër perforéiert oder mat Paraffin ageriwwe ginn. Sou kënnen d'Nilgänse weider bréien, allerdéngs ouni Brutterfolleg. Dës Moossname solle vu Beamte vun der Natur- a Forstverwaltung ëmgesat ginn.
De lëtzebuergesche Gestiounsplang gouf am Fréijoer 2020 publizéiert mat enger uschléissender ëffentlecher Consultatioun, am Hierscht 2020 gëtt e presentéiert. D'Juegd op d'Nilgänse gëtt deemno zu Lëtzebuerg net erlaabt (Adami 2020). Am September 2020 huet de Radio 100,7 iwwer d'Gestiounsmesure bericht, déi vun der Regierung geplangt sinn (Hill 2020).
Commons: Alopochen aegyptiaca – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.