Apollo (Raumschëff)

From Wikipedia, the free encyclopedia

Apollo (Raumschëff)
Remove ads

D'Apollo-Raumschëff gouf am Kader vum Apollo-Programm vun North American Aviation entwéckelt. Et besteet aus zwou Komponenten: dem Kommandomodul (CM) an dem Servicemodul (SM). D'Kombinatioun (CSM) gouf eréischt kuerz virum erneiten Antrieden an d'Äerdatmosphär getrennt. Nëmmen de Kommandomodul mat den dräi Astronauten ass fir eng Waasserlandung am Mier ekipéiert.

Méi Informatiounen North American Apollo CSM, Beschreiwung ...
Remove ads

Kommandomodul (CM)

De Kommandomodul huet eng Mass vu 5.900 kg bei enger Héicht vun 3,23 m an engem Duerchmiesser vun 3,91 m.

Viischten Deel

Am viischten Deel si Stabiliséierungsfallschiermer an déi dräi grouss Haaptfallschiermer ënnerbruecht. Déi ginn eréischt nom Antrëtt beim Retour an d'Äerdatmosphär an enger Héicht vun 2,5 km op. Zwéi Schiermer gi fir eng sécher Landung um Mier duer. Beim Apollo 15 hat ee vun deenen dräi Schiermer versot, ouni datt et zu Schied oder Verletzunge koum. Weider sinn am ieweschte Beräich zwou Steierdüse vum Lagekontrollsystem fir den erneiten Antrëtt an d'Atmosphär, d'Kopplungssystem an d'Luk fir d'Moundlandefär ugemaach. Hei sinn och d'Antennen an d'Signalluuchte fir d'Biergung am Mier méi liicht ze maachen, a Ballongen, déi sech opblosen, fir am Fall, bei deem d'Kapsel mat der Spëtzt no ënne géif schwammen, déi nees opzeriichten.

Thumb
Schnëttbild vun der Apollo-CM

Mëttelsten Deel

Hei ass d'drockfest Kabinn fir d'Astronauten. Dora sinn d'Haaptinstrumententafele fir d'Kontroll an d'Steierung vum Raumschëff, d'Liewenserhalungssystemer an e puer Materialschief ënnerbruecht. Et gëtt fënnef kleng Fënsteren a säitlech d'Luk fir eran- an erauszeklammen. D'Liewenserhalungssystemer kontroléieren d'Kabinnenatmosphär an halen d'Temperatur bei 22 Grad. Wärend dem Fluch besteet si aus rengem Sauerstoff bei engem Drëttel vum Drock op der Äerd. Nëmmen an der Startphas gëtt, no de leedvollen Erkenntnesser aus der Katastroph mam Apollo 1, 40 % Stéckstoff bäigemëscht. U Bord si weiderhi Landkaarte vum Mound a vun der Äerd, Stärekaarte fir d'Navigatioun an Orbitkaarten fir all eenzel Missiounsphas.

Am CM war Plaz fir ungeféier 2 m³ pro Astronaut.

Heck

Um Heck vum CM sinn 10 weider Steierdüse vum Lagekontrollsystem fir den neien Antrëtt an d'Äerdatmosphär, den Dreifstoff dofir an och Helium- a Waassertanken ënnerbruecht.

Remove ads

Déi eenzel Apollo-Raumschëffer

Méi Informatiounen Block I, Serienummer ...
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Apollo (Raumschëff) – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads