Blummendall
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Blummendall ass eng Uertschaft an de Gemenge Bech a Jonglënster.

| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Remove ads
Geographie
De Blummendall läit tëscht Grolënster a Reiland op der Nationalstrooss 14 op enger Héicht vun 281 Meter, um Zesummefloss vun der Heesterbaach an der Schwaarzer Iernz. D'Uertschaft läit op der Grenz vun zwou Gemengen an zwéi Kantonen:
▲ d'Gemengen- a Kantonsgrenz leeft duerch d'Haus
■ An der nationaler Datebank vun den Adressen als Jeanharis oder Jeanharishaff agedroen; op der Plaz als Rue Jean Haris gezeechent
Remove ads
Geschicht
D'Uertschaft Blummendall ass eréischt am spéiden 18. Joerhonnert entstanen, op der Ferraris-Kaart ass se nach net agezeechent. Se schéngt ëm 1820 um alen Iechternacher Wee entstanen ze sinn a bestoung sengerzäit aus e puer Haiser vun Doléiner, déi gréisstendeels op groussen Häff ronderëm geschafft hunn[1].
Et konnt awer nogewise ginn, datt e Flouer an der Ëmgéigend schonn an der Alsteenzäit besidelt.
Net wäit vum Blummendall ewech goufen 1935 déi stierflech Iwwerreschter vum “eelste Lëtzebuerger Mann” entdeckt.
Remove ads
Ursprong vum Numm
Den Numm vun der Uertschaft huet näischt mat Blummen ze dinn, mä d'Historiker huelen un, datt e sech op de keltesche Gott vun der Sonn „Bel“, och „Belaun“ genannt, oder awer op d'Gëttin „Belisama“, d'keltesch Gëttin vun der Juegd, bezitt.[1][2]
Um Spaweck
| Commons: Blummendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Blummendall — Kierchtuermspromenaden. www.tessyglodt.lu. Gekuckt den 09.02.2024.
- Die Kultur- und Natur-Rundwanderwege der Gemeinde Junglinster; S. 40 op der Websäit vun artlenster.lu
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads