Cape Canaveral AFS Launch Complex 41

From Wikipedia, the free encyclopedia

Cape Canaveral AFS Launch Complex 41
Remove ads

De Cape Canaveral AFS Launch Complex 41 (LC-41) ass eng aktiv Startramp vun der US Air Force a gehéiert zu der Cape Canaveral Air Force Station a Florida (USA).

Méi Informatiounen CCAFS LC-41 ...

Vun do aus huet d'US-Loftwaff Titan-III C-, Titan-IV-Rakéiten an déi siwen Titan-III E/Centaur Rakéite vun der NASA gestart. No engem groussen Ëmbau ass et déi eenzeg Startplaz fir d'Atlas V um Cape Canaveral.

Remove ads

Geschicht

Thumb
Titan III E/Centaur mat Viking 2 op der Startramp

Ufanks gouf den LC-41 zesumme mam Complex 40 als Startplaz fir d'Titan IIIC gebaut. Nom Bau 1963 gouf den 21. Dezember 1965 den OV2-Satellit vun der US-Air-Force gestart. Obwuel de Start gegléckt hat, hat d'Uewerstuf versot an de Satellit op e falschen Orbit bruecht.

An den nächste Jore goufen et nëmmen e puer weider militäresch Starte vun der Titan-III-C, well den LC 41 fir de Start vun der TitanIII-E/Centaur Rakéit vun der NASA modifizéiert gouf a Systemer fir d'Kryogen Dreifstoffer (flëssege Waasserstoff a Sauerstoff) vun der Centaur Uewerstuf agebaut goufen.

Den éischte Start vun enger Titan-IIIE/Centaur goung schif, well d'Centaur am Fluch net gezünnt hat; déi weider sechs Starte vun dësem Typ hu geklappt.

Den éischten erfolgräiche Start vun enger Titan-IIIE/Centaur vun der Startplaz 41 hat den 10. Dezember 1974 d'Sonnesond Helios 1 an de Weltraum bruecht.

Duerno si mat Titan-IIIE/Centaur-Rakéite déi erfolgräich Viking-Lander vun der NASA, den 20. August respektiv den 9. September 1975 gestart an e Joer méi spéit um Mars gelant.

De 15. Januar 1976 war vum Complex 41 den Helios 2 gestart, dee bis op 43,5 Millioune Kilometer un d'Sonn erukoum, sou no wéi keng aner Raumsond virdrun, a bis haut (2009).

1977 hat do d'Rees vu Voyager 1 a 2, déi bei déi baussenzeg Planéite geflu sinn, ugefaangen. Si waren den 20. August respektiv de 5. September 1977 u Bord vun enger Titan-IIIE-Centaur gestart.

No 17 Titan-III-Flich war emol fir weider Jore Schluss. Tëscht 1986 an 1988 gouf d'Ramp fir d'Titan IV am Kader vun engem 57 Milliounen Dollar deiere Projet ëmgebaut. Mam Ofhiewe vun der neier Titan de 14. Juni 1989 hat en neit Joerzéngt vun dëser neier Titan ugefaangen, woubéi déi zwéi lescht Starte vun dësem Rakéitentyp schif gelaf waren.

Nom Joer 1999 huet d'Ramp fir d'zweet d'Gesiicht geännert. D'Rampen déi net méi gebraucht goufen, goufe komplett ëmgebaut, sou datt fir déi nei Atlas V eng nei Startplaz geschaf gouf. Den 21. August 2002 war déi éischt Atlas V vum LC 41 gestart. Ënner de weideren Atlas-V-Flich war och, am Joer 2006, d'New Horizons, déi éischt Sond, déi de Pluto ënnersiche soll. New Horizons gouf vun der Atlas V (551) op eng Vitess vu 16,21 km/s acceleréiert. Dat war en neie Rekord vun enger Raumsond.

Remove ads

De Komplex

Thumb
Viking 2 Start vum Complex 41

D'Startramp war bis zum Ëmbau fir d'Atlas V praktesch eng Kopie vum Launch Complex 40. D'Rakéit gouf am Vertical Integration Building (VIB) zum gréissten Deel zesummegebaut, bei d'Startramp gefouert a mat Hëllef vun engem risege Service-Tower fir de Start virbereet.

Thumb
Complex 41 nom Ëmbau fir d'Atlas V

Wärend dem Ëmbau fir d'Atlas V hat sech villes geännert: d'Startanlag gouf gesprengt. Nëmmen d'Fëllement, d'Ofgasschächt an déi véier ëm d'Startramp postéiert Blëtzofleeder blouwen erhalen. Wärend bal all Startramp duerch eng riseg Gitterstruktur scho vu wäitem ze gesinn ass, fënnt een haut um LC-41, bis op de Blëtzofleedersystem nëmmen de Betongsdësch a weidert flaacht Ekipement. Dofir ginn d'Atlas-V-Rakéiten an der Vertical Integration Facility (VIF; net ze verwiessele mam ale Vertical Integration Building) zesummegebaut, déi 550 m dovun ewech ass. Déi virbereet Rakéitendeeler kommen aus dem Spaceflight Operations Center (ASOC). Dat Gebai steet ronn 6,5 Kilometer vum Komplex ewech a gouf fréier fir d'Titan-IV-Rakéite gebraucht. Wann d'Rakéit am VIF fäerdeg zesummegebaut ass, ka se mat engem klenge, mobillen Tuerm bei d'Startramp gefouert ginn. Dat geschitt awer eréischt e puer Stonne virum Start. Um LC-41 selwer gëtt dann d'Rakéit nëmmen nach vollgetankt.

Remove ads

Startlëscht

Méi Informatiounen Datum, Zäit (UTC) ...
Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads