Gemeng Wuermer

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Gréiwemaacher From Wikipedia, the free encyclopedia

Gemeng Wuermer
Remove ads

D'Gemeng Wuermer, och nach Gemeng Wuermeldeng, op Miseler Gemeen Wormer, ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. D'Haaptuertschaft ass Wuermer vun där se och hiren Numm huet. .

Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Thumb
Bléck vun der Këppchen aus op Wuermer

D'Gemeng gëtt sech den Numm Rieslingsgemeen.

Remove ads

Uertschaften an der Gemeng

Häff a Lieu-diten

Geographie

D'Gemeng Wuermer läit op der Musel am Oste vu Lëtzebuerg op enger Héicht tëscht zirka 140 an 340 m (NG-L). Mat zirka 11 Kilometer Uferlängt vun der Hëttermillen bis op d'Deisermillen an 369 ha Wéngerten huet Wuermer déi gréisst Wäibaufläch am Land.

Nopeschgemenge si Gréiwemaacher am Norden, Fluessweiler a Lenneng am Westen a Stadbriedemes am Süden.

Zu Éine lafen d'Gouschtenger Baach an d'Lennenger Baach zesummen an dann an d'Musel. Zu Wuermer leeft d'Albaach an zu Ohn leeft d'Donwer Baach an d'Musel.

Remove ads

Geschicht

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Quell:STATEC

Wopen

Thumb Beschreiwung am Originaltext:

Parti d'or et de sinople à deux pampres fruités, feuillés et vrillés de l'un en l'autre; à la clef de gueules, le panneton en haut à senestre, brochant en pal sur la partition
D.C. 29. Mäerz 1985 - A.M. 7. Mee 1986 - Mémorial B 1986, Säit 575 - Projet: Marcel Lenertz 1985

Politik

Gemengerot

Wuermer war bis d'Gemengewalen 2017 eng Majorzgemeng. Bei deene vum 11. Juni 2023 gouf de Gemengerot eng éischt Kéier nom Proporzsystem gewielt.

Zesummesetzung

D'Majoritéitskoalitioun am Gemengerot ass fett geschriwwen

Méi Informatiounen Joer, ÄE* ...

* ÄE: Är Equipe fir d'Wormer Gemeen; Zes. : Zesummen, fir is Gemeen.
Quell: rtl.lu, Inneministère.

Buergermeeschteren[1]

Fréier Gemeng Meechtem

  • bis Mee 1820: Dominique Weydert
  • Mee 1820 - Sept. 1823: Pierre Apel

De Pierre Apel ass am Oktober 1823, wéi Meechtem eng Sektioun vun der Gemeng Wuermer gouf, den zweete Schäffe ginn

Gemeng Wuermer

  • ....
  • bis 1823: Joseph Heynen, Éinen
    • bis 1823: Michel Eischen (maire-adjoint)
  • Okt. 1823 - Okt. 1830: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1830 - 1836: Theodor Eichhorn, Wuermer
  • 1836 - 1839: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
  • Aug. 1839 - Abr. 1842: Nicolas Wellenstein, Éinen
  • 1842 - 1848: Jean-Baptiste Klein, Wuermer
  • 1848 - 1854: Jean Wurth, Wuermer
  • 1854 - Jan. 1855: Mathias Wawer, Éinen
  • Mäerz 1855 - Dez. 1861: Egidius Gindt, Wuermer
  • Jan. 1862 - Dez. 1863: Michel Fohl, Éinen
  • Mäerz 1864 - 1866: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1867: Albert Wawer, Éinen
  • 1867 - 1878: Nicolas Toussaint, Meechtem
  • 1878 - 1879: Heinrich Ley, Ohn
  • 1879 - 1884: Gustav Eichhorn, Wuermer
  • Feb. 1885 - Jan. 1898: Pierre Pundel, Uewerwuermer
  • Juni 1898 - Feb. 1906: Nicolas Pundel, Wuermer
  • 1906: Pierre Kass, Éinen
  • Okt. 1906 - Juli 1911: Dr. Leo Pundel, Wuermer
  • Jan. 1912 - Dez. 1917: Johann Becker, Éinen
  • Jan. 1918 - Dez. 1920: Dr. Franz Wurth, Wuermer
  • 1921: Nicolas Steichen, Meechtem
  • Jan. 1921 - 1933: Pierre May, Éinen
  • 1934: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1935 - 1941: Pierre Berna, Ohn
  • 1946 - 1963: Mathias Weyrich, Uewerwuermer
  • 1964 - 1974: Aly Duhr, Ohn
  • 1974 - 1993: Joseph Pundel, Wuermer
  • 1994 - 1999: Carlo Wagner, Wuermer
  • 1999: Jeannot Frantz, Wuermer
  • 2000 - 2008: Ernest Demuth
  • 2008 - 2017: Jean Beining
  • 2017 - 2020: Max Hengel (CSV)
  • 2020 - 2023: Mathis Ast (DP)
  • 2023 - 2024: Max Hengel (CSV)
  • zanter 2024: Claude Pundel[2]
Remove ads

Verkéiersubannung

Wichtegst Stroosseverbindung ass d'N10, déi och als Wäistrooss bekannt ass. Se leeft parallel laanscht d'Musel duerch déi ganz Gemeng. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 122, 122A, 122B, 122C, 134, 142, 143, 144, 146 an 146A duerch d'Gemeng.

D'Wuermerer Bréck ass eng vun de fënnef Brécken iwwer de lëtzebuergeschen Deel vun der Musel, déi d'Gemeng mat der däitscher Uertschaft Wëncher (Wincheringen) verbënnt.

Remove ads

Schoulen

D'Gemeng Wuermer bedreift zesumme mat der Gemeng Fluessweiler eng Regionalschoul mat Sportzentrum zu Dräibuer. Eng Annexe vun der Schoul ass zu Nidderdonwen.

Jumelagen

Wuermer ass jumeléiert mat der portugisescher Gemeng Mortágua.

Perséinlechkeeten aus der Gemeng Wuermer

Remove ads

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Wuermer ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Wuermer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Quell: Geschichtsfrënn vun der Gemeng Wuermer.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads