Zwee

natierlech Zuel From Wikipedia, the free encyclopedia

Zwee
Remove ads

D'natierlech Zuel Zwee (2) ass d'Nofollgerin vun der Eent an d'Virgängerin vun der Dräi. Et ass souwuel déi eenzeg gerued Primzuel wéi och déi éischt Primzuel.

op ee Bléck Virgänger, Nofollger ...
Remove ads

Mathematik

Zwee ass déi klengst an eenzeg gerued Primzuel an déi eenzeg, op déi direkt eng aner (3) kënnt. All gerued Zuele sinn duerch 2 deelbar.

Dat réimescht Zeeche fir d'Zwee ass II.

De Gottfried Wilhelm Leibniz huet den Dualsystem (Binärcode oder zweestellege System) entdeckt, deen nëmmen zwou Ziffere benotzt fir Zuelen duerzestellen. En huet sech mat der Entwécklung vun der digitaler Technologie wäit verbreet.

Remove ads

Grammaire

D'lëtzebuergesch Grammaire[1] seet iwwer d'Zwee:

Les adjectifs numéraux cardinaux sont invariables à l'exception de eent et zwee. Ces deux adjectifs changent suivant le genre du substantif qui suit ou qui est sous-entendu.

Beispiller fir zwee:

Méi Informatiounen Männlech, Weiblech ...
Zwéi Beem(m)Hues de déi zwéi gesinn?(bezitt sech op d'Beem)
Zwéin Afen(m)Ech gesinn der zwéin.(bezitt sech op d'Afen)
Zwou Fraen(w)Ech gesinn der zwou.(bezitt sech op d'Fraen)
Zwee Kanner(s)Hues de déi zwee gesinn?(bezitt sech op d'Kanner)

Bemierkung: Hautdesdaags gëtt et fälschlecherweis eng Tendenz fir d'Form zwéi(n) duerch zwee z'ersetzen.

Remove ads

Sproochleches

Wann zwou Saachen zesummegehéieren, schwätzt ee vun engem Puer (e Puer Schong, e Puer Strëmp) oder enger Koppel (eng Koppel Eeër, eng Koppel Ochsen). Zwee Leit déi zesumme gehéiere bilden och eng Koppel.

Naturwëssenschaft

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Zwee d'Uerdnungszuel vum Helium. Helium besteet aus engem Kär mat zwee Protonen an zwee Elektronen.

Dëse Video weist eng kënschtleresch Duerstellung vun engem duebele Stäresystem, deen sech verdeckt. Wann déi zwee Stäre sech ëmkreesen, passéiere se sech géigesäiteg an hir kombinéiert Hellegkeet, aus der Distanz gesinn, hëlt of.

D'Venus ass den zweete Planéit am Sonnesystem. De Mars huet zwéi kleng, onreegelméisseg geformt Mounden, de Phobos an den Deimos (griichesch Nimm déi op Lëtzebuergesch Angscht a Schrecke bedeiten). De groussen Asteroid Pallas huet d'Nummer 2. Déi meescht Stäre bilden Duebelstäresystemer (Binärsystemer).

De Messier 2 (M2) (och NGC 7089) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Aquarius. Den NGC 2 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Pegasus, déi iwwer 300 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech ass.

Remove ads

Geschicht a Gesellschaft

En Zweekummersystem, och Zweekummerparlament oder Bikameralismus genannt, ass e politesche System bei deem d'Parlament an zwou Chamberen (oder Kummeren, Haiser) gedeelt ass: déi éischt Chamber ("héich Chamber" oder "Uewerhaus") an déi zweet Chamber ("niddreg Chamber" oder "Ënnerhaus").

Déi Zweet Franséisch Republik (Deuxième République française) war eng republikanesch Staatsform a Frankräich, déi tëscht 1848 an 1852 existéiert huet. Déi Zweet Cohabitatioun a Frankräich huet tëscht dem Mäerz 1993 an dem Mee 1995 bestanen. Déi zweet Cohabitatioun ass entstanen, wéi d'Droite d'Legislativwale gewonnen hat an de President Mitterrand säi Mandat, grad wéi bei där éischter, net wollt opginn.[2]

Den Zweete Vatikanesche Konzil (Vaticanum II) gouf vum Poopst Jean XXIII. aberuff. E gouf zu Roum am Vatikan ofgehalen.

Remove ads

Aneres

Um Spaweck

 Commons: Zwee – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Zwee Definitiounen, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen

  1. Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2
  2. Le Président de la République est élu par le peuple pour une durée donnée, en la circonstance, c'est sept ans, et pendant ces sept ans il doit faire son devoir (Pressekonferenz vum 21. November 1895)
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads