d'Schrëft, an där d'griichesch Sprooch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'griichescht Alphabet ass d'Schrëft, an där d'griichesch Sprooch zanter dem 9. Joerhonnert v. Chr. geschriwwe gëtt. Déi griichesch Schrëft ass eng Weiderentwécklung vun der phenizescher Schrëft. Si war déi éischt Alphabetschrëft am engere Sënn. Vum griicheschen Alphabet stamen ë. a. dat laténgescht, kyrillescht a koptescht Alphabet of. Dat griichescht Alphabet huet haut 24 Buschtawen, déi et genee wéi am laténgeschen Alphabet als Groussbuschtawen a Klengbuschtawe virkommen.
Zeechen | Var.1 | Numm2 (algr. Schreiwung) |
neigr. Numm (neigr. Schreiwung) |
Altgr. Transkriptioun | Neugr. Transkriptioun | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|---|
Α, α | Alpha | álfa (άλφα) | a | |||
Β, β | ϐ | Beta | víta (βήτα) | b | ||
Γ, γ | Gamma | gám(m)a (γάμ(μ)α) | g | |||
Δ, δ | Delta | délta (δέλτα) | d | |||
Ε, ε | ϵ | Epsilon | épsilon (έψιλον) | e | e | |
Ζ, ζ | Zeta | zíta (ζήτα) | z | z | ||
Η, η | Eta | íta (ήτα) | ē | i | ||
Θ, θ | ϑ | Theta | thíta (θήτα) | th | th | |
Ι, ι | Iota | ióta (ιώτα) | i | i | ||
Κ, κ | ϰ | Kappa | káp(p)a (κάπ(π)α) | k | k | |
Λ, λ | Lambda | lámda (λάμδα) | l | l | ||
Μ, μ | My | mi (μι) | m | m | ||
Ν, ν | Ny | ni (νι) | n | n | ||
Ξ, ξ | Xi | xi (ξι) | x | x | ||
Ο, ο | Omikron | ómikron (όμικρον) | o | o, fält ewech vir ι | ||
Π, π | ϖ | Pi | pi (πι) | p | p, μπ = (m)b 5 | |
Ρ, ρ | ϱ | Rho | ro (ρω) | r(h) | r | |
Σ, σ | ς 6, ϲ7 | Sigma | sígma (σίγμα) | s | s | |
Τ, τ | Tau | taf (ταυ) | t | t, ντ = (n)d 5 | ||
Υ, υ | Ypsilon | ýpsilon (ύψιλον) | y bei αυ, ευ, ου: u | y, nom Vokal v oder f | ||
Φ, φ | ϕ | Phi | fi (φι) | ph | f | |
Χ, χ | Chi | chi (χι) | ch | ch | ||
Ψ, ψ | Psi | psi (ψι) | ps | ps | ||
Ω, ω | Omega | oméga (ωμέγα) | ō | o |
Zeechen | Var.1 | Numm2 |
Transkriptioun | Aussprooch3 | Bemierkung |
---|---|---|---|---|---|
Ϝ, ϝ | Ͷ, ͷ | Digamma (Wau) | w | Archäesche Buschtaf a spéider d'Zeeche fir d'Zuel 6 | |
Ϛ, ϛ | Stigma | Mëttelalterlech Ligatur fir στ an als Ersatz fir Ϝ | |||
Ͱ, ͱ | Heta | h | Historesch Variant vun Eta als Konsonant | ||
Ϻ, ϻ | San | s | Archaesche Buschtaf, alternativ zu Sigma | ||
Ϙ, ϙ | Ϟ, ϟ | Koppa | q | Archaesche Buschtaf a spéider d'Zeeche fir d'Zuel 90 | |
Ͳ, ͳ | Ϡ, ϡ | Sampi | ss | Ionesche Buschtaf, spéider d'Zeeche fir d'Zuel 900 | |
Ϸ, ϸ | Scho | š | Zousätzleche Buschtaf am Baktreschen (netgriichesch) |
1) Alternativ Glyphe fir de Buschtaf
2) Numm vum Buschtaf an däitscher Transkriptioun
3) Rekonstruéiert Aussprooch am 5. Joerhonnert v. Chr.; kuckt och Algriichesch Phonologie
4) Déi neigriichesch Transkriptioun gëtt net eenheetlech gebraucht. Déi hei gebraucht Transkriptioun riicht sech no där an der Wikipedia gebrauchter Nummkonventioun Neigriichesch.
5) net viru stëmmlose Konsonanten; den n oder m fält nëmme beim Wuertufank ewech.
6) nëmmen an ëmmer um Wuertenn, ausser et et kënnt en Apostroph (Beispill: μέσα kann zu μες oder μεσ' verkierzt ginn.)
7) D'C-änlech Form vum Sigma gëtt am kierchleche Kontext nach reegelméisseg gebraucht.
D'Bezeechnunge vun de Buschtawen hunn am Griichesche keng Bedeitung. Si goufe gréisstendeels aus dem Phenizeschen iwwerholl. Do bezeechnen d'Buschtawenimm Begrëffer, deenen no dem akrophonesche Prinzip e Lautwert zougeuerdert gouf. Beispillsweis bedeit aleph „Ochs“ an beth „Haus“.
D'Nimm vun e puer Vokale ginn op d'byzantinesch Zäit zeréck. Hir Bezeechnungen a klassescher Zäit ënnerscheede sech deels, z. B. goufen d'Buschtawen Omikron an Omega einfach [oː] an [ɔː] genannt. Eréischt wéi d'Aussprooch vu béide Stëmmen zesummegefall ass, goufen d'Buschtawen duerch d'Nimmzousätz mikrón a méga ënnerscheet. Omikron bedeit „klengen O“, Omega „groussen O“. D'selwecht verhält et sech bei den Nimm Epsilon („einfachen E“) an Ypsilon („einfachen Y“), déi fir d'Ënnerscheedung zu de gläichkléngende Buschtawekombinatiounen ει an οι agefouert goufen.
Commons: Griichescht Alphabet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.