OSCAR

From Wikipedia, the free encyclopedia

OSCAR
Remove ads

OSCAR (Orbiting Satellite Carrying Amateur Radio) ass eng traditionell Bezeechnung fir eng Serie vun Amateurfunksatellitten.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Serie vun Amateurfunksatellitten "OSCAR". Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Oscar (Homonymie).
Thumb
OSCAR 1, den éischten Amateurfunksatellit

Den éischten OSCAR-Satellit

Den éischte Satellit mat der Bezeechnung OSCAR gouf vun US-amerikanesche Funkamateure gebaut an den 12. Dezember 1961 mam Satellit Discoverer 36 vun der United States Air Force um Hatzebockel an de Weltraum transportéiert. D'Moosse vum OSCAR 1 ware ronn 30 cm × 25 cm × 12 cm, säi Gewiicht war 4,5 kg, seng Ëmlafbunn louch tëscht 234 km an 414 km Héicht an d'Sendeleeschtung war 140 mW op der Frequenz 145 MHz. No siwe Woche war hien an der Atmosphär vergloust. An där Zäit hat de batteriegespeiste Satellit, mat enger vun der Temperatur ofhängeger Vitess, de Morsecode vun de Buschtawen H an I ausgestraalt.

Remove ads

Lëscht vun den OSCAR-Satellitten

Bis elo goufen 82 Satellitte gestart, déi nom Erreeche vum Orbit eng OSCAR-Nummer kruten. D'Nimm vun de Satellitten an der Tabell si chronologesch nom Startdatum zortéiert. D'OSCAR-Nummeréierung follegt net ëmmer dem Startdatum, well dës Kennung deelweis eréischt eng gewëssen Zäit nom Start vergi gouf. De Status bezitt sech op d'Amateurfunknotzlaascht a muss net mam Status vun der Haaptnotzlaascht vum Satellit iwwereneestëmmen.

Méi Informatiounen Nr., Projetnumm ...

Stand: 11. Januar 2015

Remove ads

Kuckt och

Portal Astronomie

  • AMSAT

Literatur

Martin Davidoff: The Radio Amateur’s Satellite Handbook. The American Radio Relay League, Newington, ISBN 978-0-87259-658-0.

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads