Lëscht vun de Sonnendäischterten

Wikimedia-Lëschtenartikel From Wikipedia, the free encyclopedia

Lëscht vun de Sonnendäischterten
Remove ads

An dësem Artikel sti verschidde Lëschte mat Sonnendäischterten.

Thumb
Total Sonnendäischtert vum 11. August 1999, opgeholl a Frankräich

Do derbäikomme Lëschte mat spezielle Sonnendäischterten: Däischterten, déi Extremer duerstellen, an déi mat historescher Bedeitung.[1]

Erklärung zu de Tabellekolonnen

An deene verschiddenen Tabelle stinn déi heite Kolonnen:

  • Datum, Auerzäit: D'Zäite sinn an Terrestrescher Dynamescher Zäit (TDT).
  • Aart: Méiglech Aarte sinn total, rankfërmeg, hybrid an partiell.
  • Dauer: d'Dauer vun der totaler oder rankfërmeger Phas vun der Däischtert op där Plaz, wou d'Achs vun der Keel vum Kärschiet vum Mound am nooste beim Äerdmëttelpunkt ass (Greatest Eclipse). Dës entsprécht gewéinlech ongeféier der längster Dauer vun der Däischtert.
  • Saros: D'Nummer vum Saros-Zyklus, där d'Däischtert ugehéiert.
  • Gréisst: Déi maximal Gréisst vun der Däischtert, entspriechend der NASA hirer Definitioun.
  • Padbreet: Déi maximal Breet vum Kärschietpad respektiv vun der rankfërmeger Däischtertzon a Kilometer.
  • Siichtbarkeetsgebitt: Visualitéite vu verschiddenen Däischterten. Bei de Lëschten, déi nëmmen zentral Däischterten enthalen, beschränkt sech dat beschriwwent Gebitt op Plazen, wou d'Däischert total resp. rankfërmeg siichtbar ass.
Remove ads

Sonnendäischterte vum 21. Joerhonnert

Zentral Sonnendäischterten an Europa bis 2030

Déi follgend zentral Däischterte bis d'Joer 2030 sinn an totalen oder rankfërmege Phase vun Europa aus ze gesinn. Deementspriechend féiert dat notéiert Siichtbarkeetsgebitt nëmmen déi Plazen op, wou d'Däischtert total oder rankfërmeg ass.

Méi Informatiounen Datum, Aart ...

Zentral Sonnendäischterten a Mëtteleuropa

Follgend zentral Sonnendäischterte vum 21. Joerhonnert sinn a Mëtteleuropa an hirer totaler oder rankfërmeger Phas ze gesinn.

Méi Informatiounen Datum, Aart ...

All Sonnendäischterte bis 2030

Am 21. Joerhonnert gëtt et am Ganzen 224 Sonnendäischterten. Dat sinn der am Verglach zum langjäregen Duerchschnëttswäert vun 238 Sonnendäischterte pro Joerhonnert relativ wéineg.[2]

Méi Informatiounen Datum, Zäit ...
Remove ads

Sonnendäischterte vum 20. Joerhonnert

Am 20. Joerhonnert waren 228 Sonnendäischterten. Op dëser Lëscht fannt Dir d'Däischterte vun 1947 un.

Méi Informatiounen Datum, Zäit ...
Remove ads

Déi längst zentral Sonnendäischterten tëscht 1 an 3000

An de follgende Lëschte stinn déi 30 jeeweileg längst, total a rankfërmeg Däischterten tëscht dem Joer 1 an dem Joer 3000.

Total Sonnendäischterten

Déi längst total Sonnendäischtert am 21. Joerhonnert mat enger Dauer vun der totaler Phas vu 6 m39 s war den 22. Juli 2009. Theoreetesch kann déi total Phas vun enger totaler Sonnendäischtert 7 m31 s daueren.

Méi Informatiounen Datum, Saros ...

Rankfërmeg Sonnendäischterten

Déi rankfërmeg Sonnendäischtert, déi am 21. Joerhonnert am längsten dauert war de 15. Januar 2010 (Dauer: 11 m08 s).

Méi Informatiounen Datum, Saros ...
Remove ads

Historesch bedeitend Sonnendäischterten

Hei nach eng Opstellung vu Sonnendäischterten, déi eng besonnesch wëssenschaftlech oder historesch Bedeitung kritt hunn.

  • 28. Mee 585 v. Chr: Déi Däischtert ass héchstwarscheinlech vum Thales vu Milet virausgesot ginn. Et wier domat déi éischt gewiescht sinn, fir déi d'Plaz an d'Zäit virausgesot gouf. Ausserdeem ass fir déi Däischtert iwwerliwwert, si wier de Grond vum Krichsenn tëscht de Lyder an de Meder gewiescht.
  • 3. Mee 1715: D'Schietbunn vun där Däischtert iwwer Südengland gouf vum Edmond Halley virausgesot. Déi Däischtert war domat warscheinlech déi éischt, fir déi sou eng Berechnung versicht gouf.[3]
  • 8. Juli 1842: Déi total Däischtert ass virun allem wéinst der emotionaler Beschreiwung vum Adalbert Stifter bekannt.[4]
  • 29. Mee 1919: Wärend där Däischtert gouf déi vun der Allgemenger Relativitéitstheorie virausgesote gravitativ Liichtoflenkung iwwerpréift a bestätegt.
  • 11. August 1999: Déi lescht total Sonnendäischtert vum zweete Joerdausend war zugläich déi Sonnendäischtert, déi vu méi Mënschen observéiert gouf wéi jee eng aner Sonnendäischtert vun der Weltgeschicht.[5]
Remove ads

Referenzen

  1. All net besonnesch markéiert Date si vu Säite vun der NASA (eclipse.gsfc.nasa.gov)
  2. J. P. McEvoy: Sonnenfinsternis. Die Geschichte eines Aufsehen erregenden Phänomens. Berlin Verlag, Berlin 2001, ISBN 3-8270-0372-5, Säit 88
  3. J. P. McEvoy
  4. J. P. McEvoy (kuckt uewen), Säit 197

Um Spaweck

Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads